Lateinesche Numm: Pogona vitticeps
Aner Nimm: Bartagame
Herkunft: Australien
Beschreiwung:
Ausgesinn: E wichtegt Merkmal as den Baart, duerch deen daat Deier zu sengem Numm komm as. En geseit aus wei wann en mat lauter klenge Stachele besat wier, mais dei sinn net gefeierlech spatz. Den Hals vu männlechen Bartagamen as während der Paarungszeit deischter bis schwarz an kann opgebläht ginn. De Kieper as ronderem och mat ongefeierleche Stachele besat. De Reck as oft mat engem Muster verziert. D`Farw varieiert vun giel, hellbrong bis donkelbrong baal schwarz. Och ofhängesch fun der Farwmorph ginn et ganz ausgefaale Farwen a Musteren.
-Greißt: +/- 50cm kann awer verieieren
-Liewenserwardung: bis ongefeier 15 Joer, dat as ofhängesch fum Fudder, an aner Bedingungen.
-Haltung:
-Greisst vum Terrarium: Fir en ausgewuessend Pärchen minimum 150x60x60cm (LxBxH)
-Temperatur: Sonneninselen 40°C bis 50°C; kälste Platz 24°C. Vill verschieden Temperaturzonen si wichteg. Nuets: Zemmertemperatur
-Belliechtung: 2 Bright Sun UV Destert 70W, 1 Bright Sun UV Flood an 1 Tübe firt Hellegkeet geif ech mol als Belliechtung bezeechnen
-Arriechtung: Eng gutt strucktureiert Reckwand brenkt mei Fläch an gett immens gäre genotzt. Doranner kennen och Höhlen intregreiert ginn. Dann kann een och nach Korkreier a Wuerzelen an greisser Äscht benotzen.
-Buedem: Sand-Lehm-Meschung. Firt Weibchen platzeweis 20cm weins den Eeer. Et kann een awer eng Box mat heijem Buedem Rastzen dass een d`Eeer besser raushuele kann. Waasser- a Fuddernapf. De Waassernapf sollt grouss genuch sinn well Waasser bei dem Klima schnell verdonnst. Jonk Deieren erdrenke schnell, doweinst um Ufank flach Schuele benotzen.
-Ernährung: Unfanks gett vill Liewecht Fudder ginn. Waat Bartagamen mei aal ginn wat se mei pflanzlech Nahrung kreien (Onkraut, well Kreider). Speider sinn Insekten nemmen nach e Snack.
Sozialiteit: Et sinn vun Natur aus Enzelgänger, se kennen awer och zesummen gehaale ginn (1.1).
Bemierkung: Et sinn extrem tolerant Echsen, an lossen sech oft ouni Problem opt Hand huelen. Mais et sollt een et net iwerdreiwen. Hiert Klima as am Terrarium a net an der Stuff um Kanape. Fir en Ufänger mat vill Platz, mee et muss een bedenken, dass bei desen Déieren vill Niewekäschte bestinn (Elektresch, groußen Terrarium, Fudder,...) Et sinn robust an einfach ze haalen Deiren.