Lateinesche Numm: Takydromus sexlineatus
Aner Nimm: Sechsstreifen-Langschwanzeidechse
Herkunft: Südost-Asien
Beschreiwung:
Ausgesinn: De Reck an de Schwanz sinn hell bis deischter brong. Hell an deischter Streifen zeien sech iwert de ganze Kierper. De Bauch as weiß.
Greißt: bis 36cm, dovunner sinn 8 bis 10cm Kierper, de Rescht sinn Schwanz.
Liewenserwardung: +/- 4 Joer
Haltung:
Greißt vum Terrarium: fir 1.2 weinstens 80x50x50cm
Temperatur: Sonneninsel 35°C, Duerchschnetstemperatur 26 bis 28°C
Loftfiischtegkeet: 50% bis 80%
Buedem: Terrariebuedem, ongedüngten Blummebuedem, Humus. Platzeweis bis 10cm heich weinst den Eeer.
Arriechtung: Korkreier, Wuerzelen, Äscht, Pflanzen wie Ficus benjamina, Moos, aner Verstopp- a Klettermeiglechkeeten
Beliechtung: HQI-Strahler/Halogenstrahler 35W bis 50W, varieiieren fir verschidden Zonen ze errechen. UV as wichteg. En Tübe firt Hellegkeet (15W).
Fudder a Waasser: Gefiddert gett all 2 bis 4 Deeg. Ofhengech fun der Fuddergreisst an der Unzuel . 3 mettel Heimecher pro erwuessend Deier, als kleng Ugab. Waasser gett fun Pflanzen etc gedronk (Dreppsen) mais e Waasserdeppchen ann een och rastellen. Ech konnt bei menge Beobachten dass se seguer drasuutzen.
Bemierkung: Schein Deieren déi extrem aktiv sin. Se klammen immens gären a sinn emmer ennerwee. Well se sozial sinn kann een 1.2 (1Männchen; 2 Weibercher) haalen. NZ sin net alze einfach ze fannen dofir wär Ziichten eng gutt Idee. Well se op alles klammen a ropsprangen sallten d`Luuten ausserhalb vum Terrarium befestegt oder mat engem Schutzgitter emginn sin. En Deel vum Terrarium kann mat heijem Gras bepflanzt ginn.
