Lateinesche Numm: Centruroides vittatus
Aner Nimm: Arizona Rindenskorpion
Dese Bericht gellt och fir dei meeschten aner Centruroiden dei am Hobby vertruede sinn zb C.balsasensis. Bei mei groussen Arten muss d`Terrarium natierlech ugepasst ginn.
Beschreiwung:
Ausgesinn:Ofhängesch vun der Herkunft as d`Grondfierwung giel bis deischter brong. De Reck huet Musteren wei schwarz an orange Flecken a Streifen. Dei sinn bei all Deier anescht.
Greißt: bis 6cm
Herkunft: Südwesten fun den USA bis Mexiko
Haltung:
Temperatur: 28°C bis 32°C
Loftfiischtegkeet: 30 bis 50% oder 40 bis 60%, dat henkt vun der Morph of, xeresch oder mesesch.
Greißt vum Terarium: 30x30x30cm fir bis zu 8 Deieren. Fir eng Koppel 20x20x20cm.
Buedem: Sand-Buedem-Mix, et kann een och fill Blieder, Bamrend an Holz mat erameschen wei am Besch. Dei Skorpiounen buddelen selten bis guer net.
Fudder a Waasser: 1 mol d`Woch fidderen geet duer. Weibercher friessen am Vergleich zu den männlechen Skorpiounen fill mei. Ee mol d`Woch Sprutzen kann duer goen well se Dreppsen vun der Errichtung drenken. Eng kleng Waasserschuel kann paralell dozou gefellt ginn.
Hei as mein Centruroides Terrarium als Beispill:
Hei as de Budem gutt ze gesinn: