Chamaeleo calyptratus

#1 von Bonjur1 , 28.07.2010 15:55

Lateinesche Numm: Chamaeleo Calyptratus
Aner Nimm: Jemenchamäleon

Herkunft: Arabesch Hallewinsel, wei de Numm seet och am Jemen

Beschreiwung

Ausgesinn: Merkmal vum Jemenchamäleon as den heischen Helm den zumols beim Männchen opfälleg as. En erwuesend Männchen huet als Grondfarw hell bis deischter gring, a giel bis orange Streifen. Un den heneschte Been hunn se e klenge Fortsatz deen ausgeseit wei e Stachel oder eng Zeif, dei hunn nemmen dei Männlech Deiren, bei de Weibercher feelen dei. Dei Weiblech Exemplarer si meeschtens mei anheetlech gefierwt, wei ganz gring, mais och do kenen Musteren optrieden wei Strifen oder Punkten.
Jonk Deiren sin ganz gring oder och scho mol hell brong.

Greißt: Männchen: bis 60cm (meeschtens mei kleng) Weibchen bis 40cm (awer och meeschtens mei kleng)

Liewenserwardung: Männchen: 4 bis 8 Joer an Weibercher meeschtens bis 4 oder 5 Joer. Dat as ofhengech dofunner wei oft se verpaart goufen, dann kann et och schon manner sin.

Haltung:

-Temperatur: Tag: Sonneninselen: 32°C bis 38°C, Mettlere Bereich 28°C, Ennere Bereich Zemmertemperatur also +/- 20°C
Nuet: Zemmertemperatur +/- 20°C

-Loftfiischtegkeet: 50% bis 90% (beim Sprutzen)

-Greißt vum Terrarium: Eenzelt Deier: 80x60x130cm, wat mei grouss wat besser, all Centimeter get genotzt.

-Arriechtung: Äscht (och fun do baussen), Lianen, deck a fest Seeler an Echtpflanzen wei Ficus benjamina oder Ficus pumila. Eng Struktureiert Reckwand gett och genotzt.

-Beliechtung: Bei engem Chamäelon as d´Beliechtung ganz wichteg, dass et net zu Krankheeten wei Rachitis kennt. Als UV-Luut entweeder Bright Sun UV Jungle, dei dauerhaft un as, an och als Wärmequell genotzt ka ginn oder Osram Vitalux met deier eent Chamäleon nemmen weineg Stonnen Beliecht. Da kann een firt Hellechtkeet nach Tüben oder Halogenstrahler benotzen. D`Luuten sollten awer net am Terrarium sinn mais uewen iwer dem Lüftungsgitter sin, fir Verbrennungen ze vermeiden.

-Beleftung: Fresch Loft as fir sou en Deier och wichteg. Dee Problem leist een am einfachsten an deems een ennert den Dieren ee Gitter oder sou mescht an de ganzen Deckel mat Gitter bedeckt, wourobber och d`Luuten gestallt kenne ginn.

-Buedem: Bei engem männlechen Exemplar as de Buedem sou zimlech egal. Ech hunn Seramis. Et hällt Fiischtegkeet, Chamäleon kann gutt drop goen ant Bepflanzung gett mei einfach. Bei engem Weibchen sollten 30cm Buedem (z.b. Blummebuedem ouni Dünger) drasinn weinst den Eer dei an en ennerierdesche Gang gelued ginn. Och wenn e Weibchen aleng as kann et Eer leen. Dei nennt ee Wuesseer, an sinn sou eppes ähnleches wei eng Scheinschwangerschaft.

-Fudder a Waasser: Ufangs sollt een all Dach fidderen. Zum Beispill emmer drei Grillen fun der entspriechender Greisst, dat heescht maximal dierfen d´Fudderdeiren sou lang sinn wei d´Maul fum Chamäleon breet as. Ab 6 bis 8 Meint brauch ee nemmen nach 6 Deeg an der Woch ze fidderen an no engem Joer 5 Deeg an der Woch, no zwee Joer kann et och op 4 Deeg begrenzt ginn, muss een awe net. Speider brauch een net mei sou fill ze fidderen well d´Chamäleon net mei sou schnell a fill wiist.
Stoent Waasser gett selten ugeholl. Meesctens drenken se Waasserdreppsen vun de Blieder oder vun hierer Haut. Dofir sollt och weinstens all zwee Deeg gesprutz ginn, dat geet am beschten mat engem Waasserzerstäuber. Verschidden Chamäleonen drenken och fun enger Pippette oder aus enger sougenannter "Tropftränke", e Behälter mat engem Ventil wou luess d´Waasser rausdreppst.

Bemierkung: Et sinn immens schein Deiren, wou verschidden Exemplarer och scho mol ganz heemlech an zoutraulech ginn(wei de Pedro). Erwuessen Deiren sin immens robust a verzeien scho mol kleng Fehler, doweinst as et ee mei liit ze halend Chamäelon. Am bechten sollt een sei Chamäleon bei engem Ziichter kaafen well deen sech mei mat den Nozuuchten ofgett an doduerch sinn se och scho mei zoutraulesch.
Et as en Deier fun dem engem nie langweileg gett, zumols mam Farwewiessel, deen net duerch den Hannergrond mais duerch Gefiller verennert gett.





 
Bonjur1
Beiträge: 21
Registriert am: 27.07.2010

zuletzt bearbeitet 30.07.2010 | Top

   


Xobor Forum Software ©Xobor.de | Forum erstellen
Datenschutz