Trachemys scripta scripta/elegans

#1 von Bonjur1 , 28.07.2010 17:28

Laeteinesche Numm:
Trachemys scripta scripta/elegans
Aner Nimm:
Gelbwangen-Schmuckschildkröte / Rotwangen-Schmuckschildkröte

Herkunft:
Virginia bis Florida

Beschreiwung:

Ausgesinn: De Panzer as deischter Brang mat engem Gringtoun gran. Et sinn och mei hell a mei deischter Streifen ze erkennen. De Kapp, d`Been an de Schwanz sinn gring mat hellen a deischtere Streifen an op de Backen dei charakteristech roud oder giel Backen. Den Hals gett bei deier Art eragezunn an net erageklappt oderoch net mat engem beweglechen Deel vum Panzer geschützt (Dosenschildkröte).

Greißt: D`Panerlängt leit zweschen 20 an 30cm.

Haltung am Aquaterrarium: Temperatur: Sonneninsel 35°C bis 40°C; Waassertemperatur 25°C

Waasserheicht: Et sollt sou heich sinn wei d`Deckelsmouk laang ass.

Landdeel: Et sollt liicht ze erreche sinn (eng Ramp) a weinstens sou vil Platz bidden das d`Deier sech frei dréine kann. Praktesch sinn do dei Placken dei een un de Seitewänn befestege kan an sou keng Platz fir ze schwamme forthuelen. Fir e Weibchen sollt de Budem 10cm bis 15cm deif sinn a kann aus Sand oder egnem Sand-Buedem-Gemesch sinn.

Greißt vum Aquaterrarium: 150x80x60cm ass d`Mindestmoß vier een adult Déier!!

Beliichtung: Och eng Deckelsmouk brauch UV-Strahlung. Also as hei eng Bright Sun UV Jungle eng gud Wiel.

Ernährung: Um Ufank kann een liewech Insekten, an aaner Deiren wei Fesch verfidderen, sou lang se mei kleng wei d`Deckelsmouk sin. Et gett och gedreschend Fesch a Krevetten, dei kann een hinnen och scho mol ginn. Besser as natiirlech fresch a liewech. Dono kann een och probeiren pflanzlech Nahrung unzebidden, wat meng awer bis elo nach nie ugehol huet.

Haltung am Weier:
Menger Meenung no dei Beschden Meiglechkeet vier sou en Reptil ze haalen. De Weier sollt weinstens 300L faassen. Ab 1,30m an enger Schlammschicht vun mindestens 20 cm kann d`Deckelsmouk och dran iwerwanteren. De Landdeel sollt och liet ze erreeche sinn. Dat geet ganz einach mat enger Ramp, dofir kann een zum Beispill sou eng Breck fir Hamsteren oder Mierschwengercher benotzen.

Ab 10 bis 15cm Panzerlängt dierft et keng Problemer man se an de Weier ze setzen, och wenn et eng Kier mei war oder kaal gett. Ze jong Deiren geifen e Schock kreien bei Temperaturschwankungen. Um Ufank sollt een en Netz iwert de Weier Spaanen, weinst Marderen, Kueben etc. Wenn se erwuessen sinn mescht dat keng Problemer mei. Dann sin se ze schweier an ze schnell am Waasser wenn eppes kennt.

D`Mauer ronderem de Weider sollt sou heich sinn wei d`Deckelsmouk lang as an genau sou deif am Buedem ersenkt sinn.


 
Bonjur1
Beiträge: 21
Registriert am: 27.07.2010

zuletzt bearbeitet 29.07.2010 | Top

   


Xobor Forum Software ©Xobor.de | Forum erstellen
Datenschutz