Lateinesche Numm: Anolis carolinensis
Aner Nimm: Rotkehlanolis
Herkunft:
tropesch Gebiter an Zentralamerika
Beschreiwung:
Ausgesinn
Charakteristesch fir en Anolis as de Kapp liit wei eng Raut geformt a grouss visavis zum Kierper. D`neutral Fuarw wenn en zefridden as, as eng kräfteg Gring. Ähnlech wei bei engem Chamäleon wiesselt en d`Fuarw mat der Stemmung. D`Männchen huet um Hals eppes wei e rouden oder rosa Fändel deen en opspane kann, fir ze imponeiren oder fir sech ze behaapten.
Greißt:
18cm bis 22cm
Haltung:
Temperatur: Tag: Sonneninselen bis 35°C; Duerchschnettstemperatur: 25°C bis 30°C; Nuet: Zemmertemperatur +/- 20°C
Loftfiichtegkeet: 50% bis 80%
Greißt vum Terrarium: weinstens 60x60x80cm fir 1.2 (1 Männchen; 2 Weibercher)
Arriichtung: 10 bis 15cm Blummebuedem. Pflanzen mat fillen a grousse Blider. Dann kann een nach Lianen an Äscht abaue fir mei Klettermeigleckkeeten ze schaafen.
Beliichtung: UV-Luut (Bright Sun UV Jungle 50W) an en Tübe(15W) firt Hellechkeet.
Fudder a Waasser: gefiddert gett all 2 bis 3 Deg. Pro ausgewuessend Deier 3 mettel Grillen/Heimecher/etc fir eng kleng Ugab ze ginn. D`Waasser gett vun de Pflanze geleckt. Heiansdo kann een och kleng geschnidden Stecker oder pürreiert Uebst ubidden. Meng haten Orange immens gär.
Bemierkung:
Et sinn sozial Reptilien, am beschden hällt een 1 Männchen zesummen mat e puer Weibercher 1.2 oder 1.3,... Well d`Männchen as oft an engem Steck am Gangen d`Weibchen ze emgarnen an ze balzen. Mat e puer Weibercher verdeelt sech d´Odringlechkeet fum Männchen e bessen. Männlech Exemplarer sinn ennerdeneen oft agrressiv well et Territorial Deire sinn an e Männchen akzepteiert keen Aneren am Reveier a beschützt seng Weibercher.