Ufängerskorpiounen

#1 von Bonjur1 , 29.07.2010 16:11

D´Wuert "Ufängerskorpioun" huet e puer Definitiounen. As et ee Skorpioun deen schwach gefteg as, deen oft ze gesinn as oder einfach ze haalen as? Jidwereen huet do seng eje Meenung. Doweinst ginn ech op dei drei Themen an.

-Op Nummer secher ze goen, an no engem schwach geftege Skorpioun ze sichen, begrenzt erch zimlech an erer Entscheedungsfreiheet. Well dat trefft baal nemmen op Tropesch Arten zou wei Pandinus oder Heterometrus. Leider muss een bei der Haltung och opt Loftfiischtegkeet an op Schimmelbildung oppassen. Verschidener sinn och empfindlech geijeniwer Schwankungen vun der Fiischtegkeet währen der Häutung.Doweinst verstinn ech och net firwat de Kaiserskorpioun als Ufängerdeier bezeechend gett. Wüstenskorpiounen sinn mei einfach ze haalen mais sinn mei gefteg (Ausnahmen wei H.arizonensis). Wann een souwisou eng tropesch Art sicht as et natirlech keen Problem, sein Deier ze fannen wat net stark gefteg as.

-Well Skorpiounen generell Nuets aktiv sinn, as et net sou einfach een ze fannen deen am Daach ze gesinn as. Ech hunn d`Erfahrung gemach dass Parabuthus an Hadrurus oft ze gesi sinn. Mais zevill därf een sech net dorober verlossen dass een sein Skorpioun emmer geseit och wenn een Hadrurus arizonensis hällt. Et as net nemmen vun Art zu Art verschidden mais och vun Deier zu Deier, se hunn alleguer hier Perseinlechkeet. Dei Eng setzen nemmen an hierem Tunnel oder buddelen verstoppt, anerer sonnen sech stonnelaang ennert dem Spot. Tropesch Arten sinn meeschtens net sou oft Daachsiwer ze gesinn well an hierem natierleche Liewensraum am Dag zimlech vill Lass as, wat aner an deelweis fir sie gefeierlech Deiren betrefft.

-An der Nuet vill aktiv Skorpiounen ginn et der immens vill: Heterometrus, Hadrurus,Centruroides, Pandinus, Androctonus,... Dat entsprecht och eischter hierer Natur. Do as et och verschidden wann een sei Skorpioun oft geseit oder net, mais d`Chance e Skorpioun an der Nuet ze gesinn as bei weitem méi héich.

-Mei einfach ze haalen sinn logescher Weis Wüstenskorpiounen. Keng Loftfiischtegkeet fir drop opzepassen, kee Schimmel deen sech bilde kann an komplizeiert Pflanzen sinn ausgeschloss. Leider sinn dei mei gefteg wei et och schon ugesprach gouf. Mais menger Meenung no kann och en Ufänger mat genuch Wessen iwert sein Deier aus Bicher an Internet an dem neideschen Respekt virum Deier e stark geftegen Vertrieder haalen. Dat muss awer jidwereen fir sech selwer entscheeden, wenn en sech zoutraut e mei grousst Kaliber ze haalen oder net. Mais Oppassen sollt een emmer.
(Secherheet bei Skorpiounen).
Mei wei en Aquarium, en Deckel, Fudder, Sand/Buedem, Luuten an Informatiounen brauch ee net fir e Wüsteskorpioun ze haalen.

Egal wat der erch uschaaft, ob gefeierlech oder net, hudd Respekt firum Deier an informéiert erch.
Am beschden sicht der firt d`eischt e Skorpioun eraus an dann kuckt der wei gefeierlech en as, ob Wüst oder tropesche Besch, dann kennt der erch nach emmer anescht entscheeden.


 
Bonjur1
Beiträge: 21
Registriert am: 27.07.2010

zuletzt bearbeitet 30.07.2010 | Top

   

Secherheet bei Skorpiounen

Xobor Forum Software ©Xobor.de | Forum erstellen
Datenschutz