Secherheet bei Skorpiounen

#1 von Bonjur1 , 28.07.2010 16:29

Wichteg Punkten bei der Haltung vun staark geftegen Skorpiounen (by Bonjur1)

-Warnung: Warnungen um Terrarium si wichteg. Soss wees een deen sech net domadder auskennt net dass do eppes Geféierleches am Terrarium keint sinn. Dat as ganz einfach. Dofir gett et jo e bestemmtent Symbol. Kopeieren, ausdrecken an oppeschen.




-Firbereedung: Wei onwarscheinlech et och as, kann et awer mol zu engem Stech kommen. Doweinst sollt emmer eng Beschreiwung vum Geft an den kompletten lateinesche Numm op engem Dokument an der Geijend vum Terrarium leien (toxinfo.org). Wann et sech em e wierklech geféierlechen Skorpioun handelt, kann een deemnoswéi eng Dosis Géijegeft bestellen dei een dann emmer am Frigo parat huet. Dat kann praktesch sinn well dei nächst Geftcentral Treier as.
(Leider ass d`Géijegeft net extrem laang haalbar, an muss vun Zeit zur Zeit ersaat gin.)

-Terrarium: D`Behausung vum Geftzwerg sollt och gesechert ginn. Dat heescht dass den Deckel an och alleguerten d`Klappen um Deckel mat eng Schlass gesechert solle ginn. Och wenn de Code vum Schlass 111 oder 123 as, dat as egal, mais als Besetzer sidd dir, am Fall wou een aneren d`Schlass opgema an an den Terrarium gegraff huet a gepickt gouf, net am Feeler. Der haat firgesuergt, fir erch an och ert Emfeld ze Schützen. Duerch e Schlass kennt der och secher sinn das alles fest zou as, an dass do neischt ausbrecht. Well et wier net dei eischte Keier wou e Skorpioun eng Schiebedier opgedreckt hätt.

-Arbeschten am Terrarium: Dei Secherheetsmoßnahm fenkt schon beim Bauen oder Kaaf vum Terarium un. Am beschten wier et wenn d´Terarium vun uewen opgema ka ginn. Well do kennt e net sou schnell eraus, an do kennt en och net un ierch. E Skorpioun kann nämlech kein Glas roplaafen. Dofir sinn Aquarien bei ariden Skorpiounen ze empfehlen. Et kann sech keng Fischtegkeet stauen an fresch Loft brauch e Skorpioun souwisou net fill. De Skorpioun kann neierenns eraus well et komplett aus Glas as, dann muss een nemmen nach en Deckel bauen.
Wenn een am Terraium schafft sollt en eng Pincette benotzen mat deier een iwerall drukennt ouni dass een seng Hand ant Terrarium haale muss. Fir Waasser nozefellen kann een en dennen Schlauch(Streehalimo) mat uewen engem Triichter benotzen.

-Emsetzen an Transport: Am einfachsten as et en Heimchendeppchen driwwer ze stülpen an den Deckel drenner ze drecken. An engem Terrarium wou et keng riit Flächen gett, kann een den Skorpioun ustupsen bis en bei d`Glas leeft an en dann fun der Seit mam Deppchen huelen. Dann zweschend Glas an de Skorpioun den Deckel oder e Steck Kartron schieben. Wenn et e groussen agrressive Skorpioun as, sollt een och Hännchen undoen well se d´Spetz vum Stachel schon heinansdo duerch den dennen Plastik drecke kennen. Mais dann muss et schon e Kaliber wei Parabuthus transvaalicus (16cm) oder villosus (18cm) sinn an e Skorpioun stecht selten an den Ennergrond fir sech ze verteidegen ell de Geigner normalerweis net vunn ennen komme kann.
Wenn een sech secher an geübt as, kann en den och um dretten Segment vum Metasoma (Schwanz) mat der Pincette huelen. Dofir kann eent och firdrun Watt oder eppes aneres Melles ronderem d`Spetz fun der Pincette wekelen an mat Scotch festman.

Wenn der erch heirunner haalt wärt et schon net zu engem Accident kommen.


 
Bonjur1
Beiträge: 21
Registriert am: 27.07.2010

zuletzt bearbeitet 29.07.2010 | Top

   

Ufängerskorpiounen

Xobor Forum Software ©Xobor.de | Forum erstellen
Datenschutz