Lateinesche Numm: Parabuthus villosus
Aner Nimm: ///
Beschreiwung:
Ausgesinn: Typical: Schwarz Grondfierwung. hellbrong bis giel oder orange Been. D`Pedipalpen sin schwarz.
Black: Komplett schwarz gefierwt.
Orange: D`Been an d`Pedipalpen sinn orange. Erwuessen Deiren hunn um ganze Kierper en orange Schimmer.
Greißt: Weibchen: bis 18cm; Männchen: bis 16cm
Herkunft: Namibia, Südafrika. P.villosus liewt do an dreschene Wüsten, wou awer ganz selten Niwwel entsteht.
Haltung:
Temperatur: Tag: 30°C bis 40°C; Nuet: 16°C bis 22°C (Zemmertemperatur)
Loftfiischtegkeet: ongefeier 30%. All zwou Wochen kann mat engem Waasserzerstäuber de Niwwel simuleiert ginn, muss een awer net man.
Greißt vum Terrarium
-fir en eenzelt Deier: 40x40x40cm oder 50x30x40cm
-fir zwee Deieren: 60x30x40cm
Buedem: Sand-Lehm-Meschung (4:1). Et kann een och e gudde Grapp Steng drameschen. Dat ganz sollt dann 20cm heisch sinn.
Fudder a Waasser: Bis den 4ten Instar sollt een all 4 bis 5 Deeg fidderen. Dono geet et ee mol d´Woch duer. Erwuessen Deiren(8ten oder 7ten Intsar) dei aleng liewen, kann een och all 10 Deeg fidderen. Mais natierlech mat enger uerdentlecher Fuddergreißt. Theoretesch geet d`Waasser dat iwer d´Fudder opgeholl gett duer mais en Deppchen mat Waasser as nie verkeiert. Ausser bei klengen Exemplarer sollt een drop verzichten well se soss erdrenken.
Sozialliewen: Et sinn normalerweis ganz sozial Deiren. Wenn een se zesummen hällt sollt en awer plaatz all 10 Deeg, ee mol d`Woch Eppes besse mei klenges fidderen fir Kannibalismus komplett ze vermeiden. Dei krittesch Momenter wou et zum Kanibalismus komme keint, as während den Häutungen, well sech e Skorpioun dann net wiere kann.
Zuucht: Wann d`Skorpiounen ausgewuess sin (Weibchen Instar 8; Männchen Instar 7) paaren se sech e mol am Joer. Dorauser kennen 100 Klenger entstoen. Dei sollten soubaal se de Reck vun der Mamm verlooss hunn vuneneen getrennt ginn.
-Geft: Niwend dem starke Wei, schwellt alles ronderem de Stech an et kann zu Kreeslaafproblemer kommen. Kleng Kanner, krank oder eeler Leit kennen escht Problemer kreien. Bei all Kontakt mam Geft sollt een den Dokter ruffen. Donierwend kann dee Skorpioun sei Geft och schleideren. Doweinst sollt een beim Hanteiren d`Aae schützen zum Beispill mat engem Sonnebrell. Sol et awer ant Aa goen muss en et direkt ausspullen fir Schied ze vermeiden.
-Secherheet: Et sollt een d´Terrarium ma tengem Schlass secheren, dass et net duerch Widderstoussen opgoe kann. Eng Geftwarnung sollt opt Terrarium gepescht ginn, an eng Beschreiwung vum Geft an de genaue Numm (Latein) vum Skorpioun sollt emmer parat sinn. (toxinfo.org).
Fir am Terrarium ze Schaffen sollt een en Pincette benotzen, dei komplett ant Terrarium passt ouni das d´Hand mat eragereit. Fir Waasser nozefellen benotzen ech en denne Schauch(Streehalimo) mat Triichter.
Bemierkung: En imposant, scheint an aktivt Deier, mais et sollt ee nie de Respekt verleiren. Ech kann meng Skorpiounen all Owend bei hiere Wanderschaften oder Buddelarbeschten beobachten, heiansdo och tagsiwer. Zumols d`Juergt as interressant well se aktiv nom Fuder sichen wenn se mierken dass eppes do as.