Lateinesche Numm: Hadrurus arizonensis
anner Nimm: Großer Haariger Texasskorpion
Herkunft: Südwestlech USA bis Mexiko
Beschreiwung:
Ausgesinn: Hellbrong bis gilel Grondfierwung, an eng Verdonkelung vum Reck. Wichteg, de Kapp as hell.
Greißt: 12cm
Geft: Schwacht Geft. Et vergleichbar mam Stech vun enger Bei. Awer oppassen bei Allergien.
Haltung:
Greisst vum Terarium: 40x40x40cm
Temperatur: Tag: 30 bis 35°C; Nuet: 20°C (Zemmertemperatur)
Loftfiischtegkeet: Streng bei 30%. Bei ze heijer Fiischtegkeet, kritt H.arizonensis extrem schnell Mykose, eng Pilzerkrankung, duerch dei betraff Plaatzen ofstiewen.
Fudder a Waasser: Fiideren sollt een all 7 bis 12 Deeg, ofhengech fun der Fuddergreißt. Wasser kriit e genuch iwert Fudder.
Buedem: Eng Sand-Lehm-Meschung kann een hei benotzen. Dat sollt dan 15 bis 20 cm heich sinn, well H.arizonensis extrem vill buddelt.
Sozialiteit an Zuucht: Well H.arizonensis sech an der Natur greißtendeels vun Skorpiounen ernährt muss en aleng gehaale ginn well et ganz schnell zu Kannibalismus komme kann. D`Zuucht brengt dann och e brousse Risiko mat sech as awer meiglech, weinst den Komplikatiounen fennt een ganz selten NZ (Nozuuchten) fir ze kaafen.
Bemierkung: Well en ganz oft dagsiwwer ze gesinn as an extrem aktiv as zumols wat d`Buddelen betrefft, as et eppes fir all Ufänger. Em d`Geft an emt Waasser brauch een sech keng Suergen ze man an d`Temperaturen kriit een ganz einfach hinn. Fir jidwereen deen mat Skorpiounen ufänke well an sech net sou richteg un en grousst Kaliber traut, huelt en H.arizoenensis. Mais leider kennt et oft fier dass se un Parasiten stiewen well et praktesch nemmen WF(Weldfäng) ze kaafe ginn.