Foren Suche

Ergebnisse in der Bildersuche


  • Centruroides spp.Datum11.08.2010 19:28
    Foren-Beitrag von Bonjur1 im Thema Centruroides spp.

    Komescher Weis feelt e Bild dofir kennt dat no. An dobai nach 2 vun den Skorpiounen.


    An hei d`Männchen:


    An dat wat dat schwangert Weibchen eis eben weist:

  • TerrarienDatum07.08.2010 09:32
    Foren-Beitrag von Bonjur1 im Thema Terrarien

    Hei as e Bild vum Deckel vum Exo Terra:


    Handynummer: 661590006

  • TerrarienDatum07.08.2010 08:45
    Thema von Bonjur1 im Forum aaneres

    Moien,
    Ech verkaafen puer Terrarien, Occasiounen souzesoen.

    1 Exoterra 30x30x30cm, mais leider ouni Deckel, well ech en zimlech veronstalt hunn mat mengem Gebastels. Dee kann een awer duerch eng mat Gitter bespaanten Holzrumm ersetzen. Et war en Opzuchtterarium fir en H.arizoenensis, doweinst kämpfen ech emmer nach am Sand fir dee rauszekreien, ech mahen e sou propper wei meiglech. Dier kennt ierch den Dekel jo mol ukucken fir ze entscheeden ob der e wellt oder net. De Preis wier 15 Euro mat oder ouni Deckel, as gratis.

    1 Glasterarium 60x30x40cm mat Schiebedieren, deen hei Modell nemmen mat mei heijem Ofsatz fir de Buedem:
    Do as och nach Lehmsand dran den ech de W-End raushuelen. Wenns de de Sand gebrauche kanns haalen ech en. Et as eng 3:1 Sand-Lehm-Meschung.
    Uewe Riets as och nach eng Keramik Fassung wou een alleguer d`Standardbieren randreine kann.
    De Preis wier 22 Euro mat oder ouni Sand, deen as gratis.

    Am beschden wier et wenns de d`Terrarium /Terrarien siche kenns well ech selwer keen Führerschein hunn fier e lanscht ze feiren.

  • Linneskorpion (Euscorpius carpathicus)Datum05.08.2010 21:26

    C.meisei brauchen teschend 26°C bis 32 °C, Dann wier eng 15 oder 20W Luut awer gut fir d`Temperatur och am Wanter ze haalen.

    C.meisei kreien ech der och fleit nach eng kleng Grupp. Next Woch kreien ech awer mol meng C.balsasenesi Koppel. Dei ginn genau sou wei C.meisei gehaalen.

  • Centruroides vittatusDatum03.08.2010 15:49
    Thema von Bonjur1 im Forum Haltungsberichter

    Lateinesche Numm: Centruroides vittatus
    Aner Nimm: Arizona Rindenskorpion
    Dese Bericht gellt och fir dei meeschten aner Centruroiden dei am Hobby vertruede sinn zb C.balsasensis. Bei mei groussen Arten muss d`Terrarium natierlech ugepasst ginn.
    Beschreiwung:

    Ausgesinn:Ofhängesch vun der Herkunft as d`Grondfierwung giel bis deischter brong. De Reck huet Musteren wei schwarz an orange Flecken a Streifen. Dei sinn bei all Deier anescht.

    Greißt: bis 6cm

    Herkunft: Südwesten fun den USA bis Mexiko

    Haltung:

    Temperatur: 28°C bis 32°C

    Loftfiischtegkeet: 30 bis 50% oder 40 bis 60%, dat henkt vun der Morph of, xeresch oder mesesch.

    Greißt vum Terarium: 30x30x30cm fir bis zu 8 Deieren. Fir eng Koppel 20x20x20cm.

    Buedem: Sand-Buedem-Mix, et kann een och fill Blieder, Bamrend an Holz mat erameschen wei am Besch. Dei Skorpiounen buddelen selten bis guer net.

    Fudder a Waasser: 1 mol d`Woch fidderen geet duer. Weibercher friessen am Vergleich zu den männlechen Skorpiounen fill mei. Ee mol d`Woch Sprutzen kann duer goen well se Dreppsen vun der Errichtung drenken. Eng kleng Waasserschuel kann paralell dozou gefellt ginn.

    Hei as mein Centruroides Terrarium als Beispill:

    Hei as de Budem gutt ze gesinn:

  • Linneskorpion (Euscorpius carpathicus)Datum03.08.2010 15:22

    Also:
    1) Zemmertemperatur geet duer mais en Tübe vun 15W wier gutt fir den Tag-Nuet-Rhytmus a fir Pflanzen wenns de der ant Terrarium mess.
    2)All 4 bis 5 Deeg misst hikommen. Da fidders de pro Deier eng Grill an du kanns emmer nach eng oder zwou dabai geheien well sech weinsten eng verstoppt a nemmei optaucht. Du kanns adult Exemplarer och mat mettelgrouss Grille fidderen.

    Ech well dech lo net nerven mais dei Art as zimlech schweier ze fannen. Wenns de en Ziichter fenns has de richteg Chance. Et wonnert mech dass se sou selten an der Terraristik sinn well se sinn immens einfach ze haalen.

  • Centruroides spp.Datum01.08.2010 19:18
    Thema von Bonjur1 im Forum Déieren

    Bon en Deier as zwar nach net dran mais Biller vum Terrarium sinn alt net schlecht mengen ech. Et as fir Centruroides spp. Weieen ech huelen hengt dovunner of weieen ech kreie kann an et gett wahrscheinlech eng Grupp vun 4 bis 6 Deiren... D`Moßen sinn 30x30x30cm.




  • Takydromus sexlineatusDatum30.07.2010 11:11
    Thema von Bonjur1 im Forum Haltungsberichter

    Lateinesche Numm: Takydromus sexlineatus
    Aner Nimm: Sechsstreifen-Langschwanzeidechse

    Herkunft: Südost-Asien

    Beschreiwung:


    Ausgesinn: De Reck an de Schwanz sinn hell bis deischter brong. Hell an deischter Streifen zeien sech iwert de ganze Kierper. De Bauch as weiß.

    Greißt: bis 36cm, dovunner sinn 8 bis 10cm Kierper, de Rescht sinn Schwanz.

    Liewenserwardung: +/- 4 Joer

    Haltung:

    Greißt vum Terrarium: fir 1.2 weinstens 80x50x50cm

    Temperatur: Sonneninsel 35°C, Duerchschnetstemperatur 26 bis 28°C

    Loftfiischtegkeet:
    50% bis 80%

    Buedem: Terrariebuedem, ongedüngten Blummebuedem, Humus. Platzeweis bis 10cm heich weinst den Eeer.

    Arriechtung: Korkreier, Wuerzelen, Äscht, Pflanzen wie Ficus benjamina, Moos, aner Verstopp- a Klettermeiglechkeeten

    Beliechtung:
    HQI-Strahler/Halogenstrahler 35W bis 50W, varieiieren fir verschidden Zonen ze errechen. UV as wichteg. En Tübe firt Hellegkeet (15W).

    Fudder a Waasser: Gefiddert gett all 2 bis 4 Deeg. Ofhengech fun der Fuddergreisst an der Unzuel . 3 mettel Heimecher pro erwuessend Deier, als kleng Ugab. Waasser gett fun Pflanzen etc gedronk (Dreppsen) mais e Waasserdeppchen ann een och rastellen. Ech konnt bei menge Beobachten dass se seguer drasuutzen.

    Bemierkung:
    Schein Deieren déi extrem aktiv sin. Se klammen immens gären a sinn emmer ennerwee. Well se sozial sinn kann een 1.2 (1Männchen; 2 Weibercher) haalen. NZ sin net alze einfach ze fannen dofir wär Ziichten eng gutt Idee. Well se op alles klammen a ropsprangen sallten d`Luuten ausserhalb vum Terrarium befestegt oder mat engem Schutzgitter emginn sin. En Deel vum Terrarium kann mat heijem Gras bepflanzt ginn.

  • Pogona vitticepsDatum29.07.2010 17:13
    Thema von Bonjur1 im Forum Haltungsberichter

    Lateinesche Numm: Pogona vitticeps

    Aner Nimm: Bartagame

    Herkunft: Australien

    Beschreiwung:

    Ausgesinn: E wichtegt Merkmal as den Baart, duerch deen daat Deier zu sengem Numm komm as. En geseit aus wei wann en mat lauter klenge Stachele besat wier, mais dei sinn net gefeierlech spatz. Den Hals vu männlechen Bartagamen as während der Paarungszeit deischter bis schwarz an kann opgebläht ginn. De Kieper as ronderem och mat ongefeierleche Stachele besat. De Reck as oft mat engem Muster verziert. D`Farw varieiert vun giel, hellbrong bis donkelbrong baal schwarz. Och ofhängesch fun der Farwmorph ginn et ganz ausgefaale Farwen a Musteren.

    -Greißt: +/- 50cm kann awer verieieren

    -Liewenserwardung: bis ongefeier 15 Joer, dat as ofhängesch fum Fudder, an aner Bedingungen.

    -Haltung:

    -Greisst vum Terrarium: Fir en ausgewuessend Pärchen minimum 150x60x60cm (LxBxH)

    -Temperatur: Sonneninselen 40°C bis 50°C; kälste Platz 24°C. Vill verschieden Temperaturzonen si wichteg. Nuets: Zemmertemperatur

    -Belliechtung: 2 Bright Sun UV Destert 70W, 1 Bright Sun UV Flood an 1 Tübe firt Hellegkeet geif ech mol als Belliechtung bezeechnen

    -Arriechtung: Eng gutt strucktureiert Reckwand brenkt mei Fläch an gett immens gäre genotzt. Doranner kennen och Höhlen intregreiert ginn. Dann kann een och nach Korkreier a Wuerzelen an greisser Äscht benotzen.

    -Buedem: Sand-Lehm-Meschung. Firt Weibchen platzeweis 20cm weins den Eeer. Et kann een awer eng Box mat heijem Buedem Rastzen dass een d`Eeer besser raushuele kann. Waasser- a Fuddernapf. De Waassernapf sollt grouss genuch sinn well Waasser bei dem Klima schnell verdonnst. Jonk Deieren erdrenke schnell, doweinst um Ufank flach Schuele benotzen.

    -Ernährung: Unfanks gett vill Liewecht Fudder ginn. Waat Bartagamen mei aal ginn wat se mei pflanzlech Nahrung kreien (Onkraut, well Kreider). Speider sinn Insekten nemmen nach e Snack.

    Sozialiteit: Et sinn vun Natur aus Enzelgänger, se kennen awer och zesummen gehaale ginn (1.1).

    Bemierkung: Et sinn extrem tolerant Echsen, an lossen sech oft ouni Problem opt Hand huelen. Mais et sollt een et net iwerdreiwen. Hiert Klima as am Terrarium a net an der Stuff um Kanape. Fir en Ufänger mat vill Platz, mee et muss een bedenken, dass bei desen Déieren vill Niewekäschte bestinn (Elektresch, groußen Terrarium, Fudder,...) Et sinn robust an einfach ze haalen Deiren.

  • UfängerskorpiounenDatum29.07.2010 16:11
    Thema von Bonjur1 im Forum allgemeng

    D´Wuert "Ufängerskorpioun" huet e puer Definitiounen. As et ee Skorpioun deen schwach gefteg as, deen oft ze gesinn as oder einfach ze haalen as? Jidwereen huet do seng eje Meenung. Doweinst ginn ech op dei drei Themen an.

    -Op Nummer secher ze goen, an no engem schwach geftege Skorpioun ze sichen, begrenzt erch zimlech an erer Entscheedungsfreiheet. Well dat trefft baal nemmen op Tropesch Arten zou wei Pandinus oder Heterometrus. Leider muss een bei der Haltung och opt Loftfiischtegkeet an op Schimmelbildung oppassen. Verschidener sinn och empfindlech geijeniwer Schwankungen vun der Fiischtegkeet währen der Häutung.Doweinst verstinn ech och net firwat de Kaiserskorpioun als Ufängerdeier bezeechend gett. Wüstenskorpiounen sinn mei einfach ze haalen mais sinn mei gefteg (Ausnahmen wei H.arizonensis). Wann een souwisou eng tropesch Art sicht as et natirlech keen Problem, sein Deier ze fannen wat net stark gefteg as.

    -Well Skorpiounen generell Nuets aktiv sinn, as et net sou einfach een ze fannen deen am Daach ze gesinn as. Ech hunn d`Erfahrung gemach dass Parabuthus an Hadrurus oft ze gesi sinn. Mais zevill därf een sech net dorober verlossen dass een sein Skorpioun emmer geseit och wenn een Hadrurus arizonensis hällt. Et as net nemmen vun Art zu Art verschidden mais och vun Deier zu Deier, se hunn alleguer hier Perseinlechkeet. Dei Eng setzen nemmen an hierem Tunnel oder buddelen verstoppt, anerer sonnen sech stonnelaang ennert dem Spot. Tropesch Arten sinn meeschtens net sou oft Daachsiwer ze gesinn well an hierem natierleche Liewensraum am Dag zimlech vill Lass as, wat aner an deelweis fir sie gefeierlech Deiren betrefft.

    -An der Nuet vill aktiv Skorpiounen ginn et der immens vill: Heterometrus, Hadrurus,Centruroides, Pandinus, Androctonus,... Dat entsprecht och eischter hierer Natur. Do as et och verschidden wann een sei Skorpioun oft geseit oder net, mais d`Chance e Skorpioun an der Nuet ze gesinn as bei weitem méi héich.

    -Mei einfach ze haalen sinn logescher Weis Wüstenskorpiounen. Keng Loftfiischtegkeet fir drop opzepassen, kee Schimmel deen sech bilde kann an komplizeiert Pflanzen sinn ausgeschloss. Leider sinn dei mei gefteg wei et och schon ugesprach gouf. Mais menger Meenung no kann och en Ufänger mat genuch Wessen iwert sein Deier aus Bicher an Internet an dem neideschen Respekt virum Deier e stark geftegen Vertrieder haalen. Dat muss awer jidwereen fir sech selwer entscheeden, wenn en sech zoutraut e mei grousst Kaliber ze haalen oder net. Mais Oppassen sollt een emmer.
    (Secherheet bei Skorpiounen).
    Mei wei en Aquarium, en Deckel, Fudder, Sand/Buedem, Luuten an Informatiounen brauch ee net fir e Wüsteskorpioun ze haalen.

    Egal wat der erch uschaaft, ob gefeierlech oder net, hudd Respekt firum Deier an informéiert erch.
    Am beschden sicht der firt d`eischt e Skorpioun eraus an dann kuckt der wei gefeierlech en as, ob Wüst oder tropesche Besch, dann kennt der erch nach emmer anescht entscheeden.

  • Anolis carolinensisDatum28.07.2010 17:57
    Thema von Bonjur1 im Forum Haltungsberichter

    Lateinesche Numm: Anolis carolinensis
    Aner Nimm: Rotkehlanolis

    Herkunft:
    tropesch Gebiter an Zentralamerika

    Beschreiwung:

    Ausgesinn

    Charakteristesch fir en Anolis as de Kapp liit wei eng Raut geformt a grouss visavis zum Kierper. D`neutral Fuarw wenn en zefridden as, as eng kräfteg Gring. Ähnlech wei bei engem Chamäleon wiesselt en d`Fuarw mat der Stemmung. D`Männchen huet um Hals eppes wei e rouden oder rosa Fändel deen en opspane kann, fir ze imponeiren oder fir sech ze behaapten.

    Greißt:
    18cm bis 22cm

    Haltung:

    Temperatur: Tag: Sonneninselen bis 35°C; Duerchschnettstemperatur: 25°C bis 30°C; Nuet: Zemmertemperatur +/- 20°C
    Loftfiichtegkeet: 50% bis 80%

    Greißt vum Terrarium: weinstens 60x60x80cm fir 1.2 (1 Männchen; 2 Weibercher)

    Arriichtung: 10 bis 15cm Blummebuedem. Pflanzen mat fillen a grousse Blider. Dann kann een nach Lianen an Äscht abaue fir mei Klettermeigleckkeeten ze schaafen.

    Beliichtung: UV-Luut (Bright Sun UV Jungle 50W) an en Tübe(15W) firt Hellechkeet.

    Fudder a Waasser: gefiddert gett all 2 bis 3 Deg. Pro ausgewuessend Deier 3 mettel Grillen/Heimecher/etc fir eng kleng Ugab ze ginn. D`Waasser gett vun de Pflanze geleckt. Heiansdo kann een och kleng geschnidden Stecker oder pürreiert Uebst ubidden. Meng haten Orange immens gär.

    Bemierkung:
    Et sinn sozial Reptilien, am beschden hällt een 1 Männchen zesummen mat e puer Weibercher 1.2 oder 1.3,... Well d`Männchen as oft an engem Steck am Gangen d`Weibchen ze emgarnen an ze balzen. Mat e puer Weibercher verdeelt sech d´Odringlechkeet fum Männchen e bessen. Männlech Exemplarer sinn ennerdeneen oft agrressiv well et Territorial Deire sinn an e Männchen akzepteiert keen Aneren am Reveier a beschützt seng Weibercher.

  • Trachemys scripta scripta/elegansDatum28.07.2010 17:28
    Thema von Bonjur1 im Forum Haltungsberichter

    Laeteinesche Numm:
    Trachemys scripta scripta/elegans
    Aner Nimm:
    Gelbwangen-Schmuckschildkröte / Rotwangen-Schmuckschildkröte

    Herkunft:
    Virginia bis Florida

    Beschreiwung:

    Ausgesinn: De Panzer as deischter Brang mat engem Gringtoun gran. Et sinn och mei hell a mei deischter Streifen ze erkennen. De Kapp, d`Been an de Schwanz sinn gring mat hellen a deischtere Streifen an op de Backen dei charakteristech roud oder giel Backen. Den Hals gett bei deier Art eragezunn an net erageklappt oderoch net mat engem beweglechen Deel vum Panzer geschützt (Dosenschildkröte).

    Greißt: D`Panerlängt leit zweschen 20 an 30cm.

    Haltung am Aquaterrarium: Temperatur: Sonneninsel 35°C bis 40°C; Waassertemperatur 25°C

    Waasserheicht: Et sollt sou heich sinn wei d`Deckelsmouk laang ass.

    Landdeel: Et sollt liicht ze erreche sinn (eng Ramp) a weinstens sou vil Platz bidden das d`Deier sech frei dréine kann. Praktesch sinn do dei Placken dei een un de Seitewänn befestege kan an sou keng Platz fir ze schwamme forthuelen. Fir e Weibchen sollt de Budem 10cm bis 15cm deif sinn a kann aus Sand oder egnem Sand-Buedem-Gemesch sinn.

    Greißt vum Aquaterrarium: 150x80x60cm ass d`Mindestmoß vier een adult Déier!!

    Beliichtung: Och eng Deckelsmouk brauch UV-Strahlung. Also as hei eng Bright Sun UV Jungle eng gud Wiel.

    Ernährung: Um Ufank kann een liewech Insekten, an aaner Deiren wei Fesch verfidderen, sou lang se mei kleng wei d`Deckelsmouk sin. Et gett och gedreschend Fesch a Krevetten, dei kann een hinnen och scho mol ginn. Besser as natiirlech fresch a liewech. Dono kann een och probeiren pflanzlech Nahrung unzebidden, wat meng awer bis elo nach nie ugehol huet.

    Haltung am Weier:
    Menger Meenung no dei Beschden Meiglechkeet vier sou en Reptil ze haalen. De Weier sollt weinstens 300L faassen. Ab 1,30m an enger Schlammschicht vun mindestens 20 cm kann d`Deckelsmouk och dran iwerwanteren. De Landdeel sollt och liet ze erreeche sinn. Dat geet ganz einach mat enger Ramp, dofir kann een zum Beispill sou eng Breck fir Hamsteren oder Mierschwengercher benotzen.

    Ab 10 bis 15cm Panzerlängt dierft et keng Problemer man se an de Weier ze setzen, och wenn et eng Kier mei war oder kaal gett. Ze jong Deiren geifen e Schock kreien bei Temperaturschwankungen. Um Ufank sollt een en Netz iwert de Weier Spaanen, weinst Marderen, Kueben etc. Wenn se erwuessen sinn mescht dat keng Problemer mei. Dann sin se ze schweier an ze schnell am Waasser wenn eppes kennt.

    D`Mauer ronderem de Weider sollt sou heich sinn wei d`Deckelsmouk lang as an genau sou deif am Buedem ersenkt sinn.

  • Secherheet bei SkorpiounenDatum28.07.2010 16:29
    Thema von Bonjur1 im Forum allgemeng

    Wichteg Punkten bei der Haltung vun staark geftegen Skorpiounen (by Bonjur1)

    -Warnung: Warnungen um Terrarium si wichteg. Soss wees een deen sech net domadder auskennt net dass do eppes Geféierleches am Terrarium keint sinn. Dat as ganz einfach. Dofir gett et jo e bestemmtent Symbol. Kopeieren, ausdrecken an oppeschen.




    -Firbereedung: Wei onwarscheinlech et och as, kann et awer mol zu engem Stech kommen. Doweinst sollt emmer eng Beschreiwung vum Geft an den kompletten lateinesche Numm op engem Dokument an der Geijend vum Terrarium leien (toxinfo.org). Wann et sech em e wierklech geféierlechen Skorpioun handelt, kann een deemnoswéi eng Dosis Géijegeft bestellen dei een dann emmer am Frigo parat huet. Dat kann praktesch sinn well dei nächst Geftcentral Treier as.
    (Leider ass d`Géijegeft net extrem laang haalbar, an muss vun Zeit zur Zeit ersaat gin.)

    -Terrarium: D`Behausung vum Geftzwerg sollt och gesechert ginn. Dat heescht dass den Deckel an och alleguerten d`Klappen um Deckel mat eng Schlass gesechert solle ginn. Och wenn de Code vum Schlass 111 oder 123 as, dat as egal, mais als Besetzer sidd dir, am Fall wou een aneren d`Schlass opgema an an den Terrarium gegraff huet a gepickt gouf, net am Feeler. Der haat firgesuergt, fir erch an och ert Emfeld ze Schützen. Duerch e Schlass kennt der och secher sinn das alles fest zou as, an dass do neischt ausbrecht. Well et wier net dei eischte Keier wou e Skorpioun eng Schiebedier opgedreckt hätt.

    -Arbeschten am Terrarium: Dei Secherheetsmoßnahm fenkt schon beim Bauen oder Kaaf vum Terarium un. Am beschten wier et wenn d´Terarium vun uewen opgema ka ginn. Well do kennt e net sou schnell eraus, an do kennt en och net un ierch. E Skorpioun kann nämlech kein Glas roplaafen. Dofir sinn Aquarien bei ariden Skorpiounen ze empfehlen. Et kann sech keng Fischtegkeet stauen an fresch Loft brauch e Skorpioun souwisou net fill. De Skorpioun kann neierenns eraus well et komplett aus Glas as, dann muss een nemmen nach en Deckel bauen.
    Wenn een am Terraium schafft sollt en eng Pincette benotzen mat deier een iwerall drukennt ouni dass een seng Hand ant Terrarium haale muss. Fir Waasser nozefellen kann een en dennen Schlauch(Streehalimo) mat uewen engem Triichter benotzen.

    -Emsetzen an Transport: Am einfachsten as et en Heimchendeppchen driwwer ze stülpen an den Deckel drenner ze drecken. An engem Terrarium wou et keng riit Flächen gett, kann een den Skorpioun ustupsen bis en bei d`Glas leeft an en dann fun der Seit mam Deppchen huelen. Dann zweschend Glas an de Skorpioun den Deckel oder e Steck Kartron schieben. Wenn et e groussen agrressive Skorpioun as, sollt een och Hännchen undoen well se d´Spetz vum Stachel schon heinansdo duerch den dennen Plastik drecke kennen. Mais dann muss et schon e Kaliber wei Parabuthus transvaalicus (16cm) oder villosus (18cm) sinn an e Skorpioun stecht selten an den Ennergrond fir sech ze verteidegen ell de Geigner normalerweis net vunn ennen komme kann.
    Wenn een sech secher an geübt as, kann en den och um dretten Segment vum Metasoma (Schwanz) mat der Pincette huelen. Dofir kann eent och firdrun Watt oder eppes aneres Melles ronderem d`Spetz fun der Pincette wekelen an mat Scotch festman.

    Wenn der erch heirunner haalt wärt et schon net zu engem Accident kommen.

  • Chamaeleo calyptratusDatum28.07.2010 15:55
    Thema von Bonjur1 im Forum Haltungsberichter

    Lateinesche Numm: Chamaeleo Calyptratus
    Aner Nimm: Jemenchamäleon

    Herkunft: Arabesch Hallewinsel, wei de Numm seet och am Jemen

    Beschreiwung

    Ausgesinn: Merkmal vum Jemenchamäleon as den heischen Helm den zumols beim Männchen opfälleg as. En erwuesend Männchen huet als Grondfarw hell bis deischter gring, a giel bis orange Streifen. Un den heneschte Been hunn se e klenge Fortsatz deen ausgeseit wei e Stachel oder eng Zeif, dei hunn nemmen dei Männlech Deiren, bei de Weibercher feelen dei. Dei Weiblech Exemplarer si meeschtens mei anheetlech gefierwt, wei ganz gring, mais och do kenen Musteren optrieden wei Strifen oder Punkten.
    Jonk Deiren sin ganz gring oder och scho mol hell brong.

    Greißt: Männchen: bis 60cm (meeschtens mei kleng) Weibchen bis 40cm (awer och meeschtens mei kleng)

    Liewenserwardung: Männchen: 4 bis 8 Joer an Weibercher meeschtens bis 4 oder 5 Joer. Dat as ofhengech dofunner wei oft se verpaart goufen, dann kann et och schon manner sin.

    Haltung:

    -Temperatur: Tag: Sonneninselen: 32°C bis 38°C, Mettlere Bereich 28°C, Ennere Bereich Zemmertemperatur also +/- 20°C
    Nuet: Zemmertemperatur +/- 20°C

    -Loftfiischtegkeet: 50% bis 90% (beim Sprutzen)

    -Greißt vum Terrarium: Eenzelt Deier: 80x60x130cm, wat mei grouss wat besser, all Centimeter get genotzt.

    -Arriechtung: Äscht (och fun do baussen), Lianen, deck a fest Seeler an Echtpflanzen wei Ficus benjamina oder Ficus pumila. Eng Struktureiert Reckwand gett och genotzt.

    -Beliechtung: Bei engem Chamäelon as d´Beliechtung ganz wichteg, dass et net zu Krankheeten wei Rachitis kennt. Als UV-Luut entweeder Bright Sun UV Jungle, dei dauerhaft un as, an och als Wärmequell genotzt ka ginn oder Osram Vitalux met deier eent Chamäleon nemmen weineg Stonnen Beliecht. Da kann een firt Hellechtkeet nach Tüben oder Halogenstrahler benotzen. D`Luuten sollten awer net am Terrarium sinn mais uewen iwer dem Lüftungsgitter sin, fir Verbrennungen ze vermeiden.

    -Beleftung: Fresch Loft as fir sou en Deier och wichteg. Dee Problem leist een am einfachsten an deems een ennert den Dieren ee Gitter oder sou mescht an de ganzen Deckel mat Gitter bedeckt, wourobber och d`Luuten gestallt kenne ginn.

    -Buedem: Bei engem männlechen Exemplar as de Buedem sou zimlech egal. Ech hunn Seramis. Et hällt Fiischtegkeet, Chamäleon kann gutt drop goen ant Bepflanzung gett mei einfach. Bei engem Weibchen sollten 30cm Buedem (z.b. Blummebuedem ouni Dünger) drasinn weinst den Eer dei an en ennerierdesche Gang gelued ginn. Och wenn e Weibchen aleng as kann et Eer leen. Dei nennt ee Wuesseer, an sinn sou eppes ähnleches wei eng Scheinschwangerschaft.

    -Fudder a Waasser: Ufangs sollt een all Dach fidderen. Zum Beispill emmer drei Grillen fun der entspriechender Greisst, dat heescht maximal dierfen d´Fudderdeiren sou lang sinn wei d´Maul fum Chamäleon breet as. Ab 6 bis 8 Meint brauch ee nemmen nach 6 Deeg an der Woch ze fidderen an no engem Joer 5 Deeg an der Woch, no zwee Joer kann et och op 4 Deeg begrenzt ginn, muss een awe net. Speider brauch een net mei sou fill ze fidderen well d´Chamäleon net mei sou schnell a fill wiist.
    Stoent Waasser gett selten ugeholl. Meesctens drenken se Waasserdreppsen vun de Blieder oder vun hierer Haut. Dofir sollt och weinstens all zwee Deeg gesprutz ginn, dat geet am beschten mat engem Waasserzerstäuber. Verschidden Chamäleonen drenken och fun enger Pippette oder aus enger sougenannter "Tropftränke", e Behälter mat engem Ventil wou luess d´Waasser rausdreppst.

    Bemierkung: Et sinn immens schein Deiren, wou verschidden Exemplarer och scho mol ganz heemlech an zoutraulech ginn(wei de Pedro). Erwuessen Deiren sin immens robust a verzeien scho mol kleng Fehler, doweinst as et ee mei liit ze halend Chamäelon. Am bechten sollt een sei Chamäleon bei engem Ziichter kaafen well deen sech mei mat den Nozuuchten ofgett an doduerch sinn se och scho mei zoutraulesch.
    Et as en Deier fun dem engem nie langweileg gett, zumols mam Farwewiessel, deen net duerch den Hannergrond mais duerch Gefiller verennert gett.




  • Hadrurus arizonensisDatum28.07.2010 10:36
    Thema von Bonjur1 im Forum Haltungsberichter

    Lateinesche Numm: Hadrurus arizonensis
    anner Nimm: Großer Haariger Texasskorpion

    Herkunft: Südwestlech USA bis Mexiko

    Beschreiwung:

    Ausgesinn: Hellbrong bis gilel Grondfierwung, an eng Verdonkelung vum Reck. Wichteg, de Kapp as hell.


    Greißt: 12cm

    Geft: Schwacht Geft. Et vergleichbar mam Stech vun enger Bei. Awer oppassen bei Allergien.

    Haltung:

    Greisst vum Terarium: 40x40x40cm

    Temperatur: Tag: 30 bis 35°C; Nuet: 20°C (Zemmertemperatur)

    Loftfiischtegkeet: Streng bei 30%. Bei ze heijer Fiischtegkeet, kritt H.arizonensis extrem schnell Mykose, eng Pilzerkrankung, duerch dei betraff Plaatzen ofstiewen.

    Fudder a Waasser: Fiideren sollt een all 7 bis 12 Deeg, ofhengech fun der Fuddergreißt. Wasser kriit e genuch iwert Fudder.

    Buedem: Eng Sand-Lehm-Meschung kann een hei benotzen. Dat sollt dan 15 bis 20 cm heich sinn, well H.arizonensis extrem vill buddelt.

    Sozialiteit an Zuucht: Well H.arizonensis sech an der Natur greißtendeels vun Skorpiounen ernährt muss en aleng gehaale ginn well et ganz schnell zu Kannibalismus komme kann. D`Zuucht brengt dann och e brousse Risiko mat sech as awer meiglech, weinst den Komplikatiounen fennt een ganz selten NZ (Nozuuchten) fir ze kaafen.

    Bemierkung: Well en ganz oft dagsiwwer ze gesinn as an extrem aktiv as zumols wat d`Buddelen betrefft, as et eppes fir all Ufänger. Em d`Geft an emt Waasser brauch een sech keng Suergen ze man an d`Temperaturen kriit een ganz einfach hinn. Fir jidwereen deen mat Skorpiounen ufänke well an sech net sou richteg un en grousst Kaliber traut, huelt en H.arizoenensis. Mais leider kennt et oft fier dass se un Parasiten stiewen well et praktesch nemmen WF(Weldfäng) ze kaafe ginn.

  • Parabuthus villosusDatum28.07.2010 10:12
    Thema von Bonjur1 im Forum Haltungsberichter

    Lateinesche Numm: Parabuthus villosus
    Aner Nimm: ///

    Beschreiwung:

    Ausgesinn: Typical: Schwarz Grondfierwung. hellbrong bis giel oder orange Been. D`Pedipalpen sin schwarz.
    Black: Komplett schwarz gefierwt.
    Orange: D`Been an d`Pedipalpen sinn orange. Erwuessen Deiren hunn um ganze Kierper en orange Schimmer.

    Greißt: Weibchen: bis 18cm; Männchen: bis 16cm
    Herkunft: Namibia, Südafrika. P.villosus liewt do an dreschene Wüsten, wou awer ganz selten Niwwel entsteht.

    Haltung:

    Temperatur: Tag: 30°C bis 40°C; Nuet: 16°C bis 22°C (Zemmertemperatur)

    Loftfiischtegkeet: ongefeier 30%. All zwou Wochen kann mat engem Waasserzerstäuber de Niwwel simuleiert ginn, muss een awer net man.

    Greißt vum Terrarium
    -fir en eenzelt Deier: 40x40x40cm oder 50x30x40cm
    -fir zwee Deieren: 60x30x40cm

    Buedem: Sand-Lehm-Meschung (4:1). Et kann een och e gudde Grapp Steng drameschen. Dat ganz sollt dann 20cm heisch sinn.

    Fudder a Waasser: Bis den 4ten Instar sollt een all 4 bis 5 Deeg fidderen. Dono geet et ee mol d´Woch duer. Erwuessen Deiren(8ten oder 7ten Intsar) dei aleng liewen, kann een och all 10 Deeg fidderen. Mais natierlech mat enger uerdentlecher Fuddergreißt. Theoretesch geet d`Waasser dat iwer d´Fudder opgeholl gett duer mais en Deppchen mat Waasser as nie verkeiert. Ausser bei klengen Exemplarer sollt een drop verzichten well se soss erdrenken.





    Sozialliewen: Et sinn normalerweis ganz sozial Deiren. Wenn een se zesummen hällt sollt en awer plaatz all 10 Deeg, ee mol d`Woch Eppes besse mei klenges fidderen fir Kannibalismus komplett ze vermeiden. Dei krittesch Momenter wou et zum Kanibalismus komme keint, as während den Häutungen, well sech e Skorpioun dann net wiere kann.

    Zuucht: Wann d`Skorpiounen ausgewuess sin (Weibchen Instar 8; Männchen Instar 7) paaren se sech e mol am Joer. Dorauser kennen 100 Klenger entstoen. Dei sollten soubaal se de Reck vun der Mamm verlooss hunn vuneneen getrennt ginn.

    -Geft: Niwend dem starke Wei, schwellt alles ronderem de Stech an et kann zu Kreeslaafproblemer kommen. Kleng Kanner, krank oder eeler Leit kennen escht Problemer kreien. Bei all Kontakt mam Geft sollt een den Dokter ruffen. Donierwend kann dee Skorpioun sei Geft och schleideren. Doweinst sollt een beim Hanteiren d`Aae schützen zum Beispill mat engem Sonnebrell. Sol et awer ant Aa goen muss en et direkt ausspullen fir Schied ze vermeiden.

    -Secherheet: Et sollt een d´Terrarium ma tengem Schlass secheren, dass et net duerch Widderstoussen opgoe kann. Eng Geftwarnung sollt opt Terrarium gepescht ginn, an eng Beschreiwung vum Geft an de genaue Numm (Latein) vum Skorpioun sollt emmer parat sinn. (toxinfo.org).
    Fir am Terrarium ze Schaffen sollt een en Pincette benotzen, dei komplett ant Terrarium passt ouni das d´Hand mat eragereit. Fir Waasser nozefellen benotzen ech en denne Schauch(Streehalimo) mat Triichter.

    Bemierkung: En imposant, scheint an aktivt Deier, mais et sollt ee nie de Respekt verleiren. Ech kann meng Skorpiounen all Owend bei hiere Wanderschaften oder Buddelarbeschten beobachten, heiansdo och tagsiwer. Zumols d`Juergt as interressant well se aktiv nom Fuder sichen wenn se mierken dass eppes do as.


  • Meng Parabuthus villosusDatum27.07.2010 15:43
    Thema von Bonjur1 im Forum Déieren

    Sou lo weisen ech erch mol meng Skorpiounen.
    Firt eischt d`Männchen, dat leider seng lescht Häutung ant 6st Instar net gepackt huet.
    Hei mat enger Grill.

    An hei ganz deck, kuerz firun der Häutung.


    An d`Weibchen:
    Am 5ten Instar

    Hei fresch am 6ten Instar

    An lo nach drei Biller fum leschte Freiden(do gett emmer gefiddert):


  • ech sin de NeienDatum27.07.2010 15:18
    Foren-Beitrag von Bonjur1 im Thema ech sin de Neien

    Moien,
    wellkomm am Forum an deem ech seit 10 Minuten sinn ;)

  • Moien!Datum27.07.2010 15:02
    Thema von Bonjur1 im Forum User

    Verschiddener wärten mech vleit scho kennen, mais awer fir dei deenen ech onbekannt sin:
    Ech sin de Sam, hunn 15 Joer an si seit mengem halwen Liewen Terraristik-begeeschtert.
    Ech haalen momentan ee männlescht Jemenchamäleon, eng männlesch Gielbacken-Schmuckschildkröt, eng Martinique-Baamvullespann (Avicularia versicolor) an Skorpiounen haalen ech der och, an zwar Parabuthus villosus.
    Wunnen dinn ech hei zu Letzebuerg, zu Keinzeg (der op franseisch Clemency).

    Wenn der nach geift Froen hunn, stellt se. Biller fu mengem Gedeierchs kommen nach no.

Inhalte des Mitglieds Bonjur1
Beiträge: 21
Ort: Keinzeg
Geschlecht: männlich
Xobor Forum Software ©Xobor.de | Forum erstellen
Datenschutz